top of page
a_propos_bg.png

Iwwer
eis...

Lët’z Refashion ass e Sensibiliséierungsprojet fir d'Reduzéierung vum Kuelestoffofdrock vun der Textilindustrie zu Lëtzebuerg. Eis Roll ass et, Iech ze hëllefen, d'Erausfuerderungen ze verstoen a konkret, ethesch an nohalteg Alternativen zougänglech ze maachen.

Letz Refashion ateliers

Fir wat setze
mir eis an?

Mir schaffen esouwuel fir d'Mentalitéit ze ännere wéi och fir Aktioune fir duerchduecht Konsumweisen, am Respekt vum Mënsch a vun der Ëmwelt.

U wie riicht sech de Projet: u Schoulen (Enseignanten a Schüler), Gemengen, Betriber, Associatiounen a jiddereen, deen eng ethesch an nohalteg Garderob sicht.

Mir verfollegen
d'Zil...

Jiddereen dobäi ze ënnerstëtzen, den Impakt vun der Moud besser ze verstoen a Slow Fashion an zirkulär Léisungen zu Lëtzebuerg zougänglech ze maachen.

Letz Refashion valeurs

Eis
Pilieren

Eis Aarbecht baséiert op 3 Pilieren, déi eis Aktivitéite strukturéieren, fir eis Missioun ze erreechen:

  • Sensibiliséierung & Informatioun: fir all interesséiert Parteien, fir datt si informéiert Entscheedunge kënnen treffe wat d'Gezei an de Konsum ugeet, woubäi d'sozial an ekologesch Auswierkunge vun der Textilindustrie ervirgehuewe ginn

  • Austausch & Partnerschaften: Kooperatioune mat passende Visiounen a Wäerter entwéckele fir eisen Impakt ze verstäerken

  • Kompetenzen entwéckelen: Den Zougang zur Entwécklung vu Bitzkompetenzen erliichteren, fir datt mir d'Kleeder, déi mir besëtzen, wäertschätzen a léieren, hir Liewensdauer ze verlängeren

about_lu.png
Letz Refashion acteurs

Sidd Deel vun
der Verännerung!

Lët'z Refashion begleet a riicht sech un eng breet Pallett vun Acteuren, fir hinnen d'Moyenen ze ginn, op hirem Niveau ze handelen, hir Kapazitéiten ze stäerken an de kollektiven Impakt ze vergréisseren.

mobile_2x.png
desktop_2x.png

Eis Geschicht

Letz Refashion shape blue

Eis
Partneren

Kritt de Programm vun eisen Atelieren an eis Aktualitéiten.
Letz Refashion fleche vers el haut
bottom of page