top of page
values.png

D'Kaart vun den Textilléisungen zu Lëtzebuerg

Kafen, verkafen, spenden, flécken oder tauschen: fannt einfach Textilléisungen an Ärer Géigend.

Eis interaktiv Kaart lëscht d'Acteure vum Second Hand zu Lëtzebuerg op: Butteker, Kommissiounsverkeef, Associatiounen, Repair Caféen, Tauschgeschäfter a Plazen, wou een en Don ka maachen. Entdeckt Initiativen an Ärer Géigend fir méi eng zirkulär Moud zu Lëtzebuerg.

​

Privilegéiert Acteuren, déi sécherstellen, datt Äert Gezei um lokalen Niveau weiderverwennt gëtt.

Dës Kaart gëtt reegelméisseg aktualiséiert fir Iech déi aktuellst Informatiounen ze liwweren.

Kennt Dir eng Initiativ oder en Acteur, dee sollt drop stoen?

Fannt d'Léisung,
déi fir Iech passt

Benotzt d'Filtere fir séier eng Plaz ze fannen, déi Äre Besoinen entsprécht:

Ech kafen

Fannt Butteker an Acteuren, déi Second-Hand-Gezei ubidden.

Group 809.png

Ech verkafen

Fannt eraus, wou Dir Äert Gezei kënnt weiderverkafen oder deposéieren.

Group 808.png

Ech spenden

Fannt eraus, wou Dir Äert Gezei spende kënnt (Acteuren, déi d'lokal Weiderverwendung favoriséieren)

Group 813.png
Group 810.png

Ech flécken

Fannt Repair Caféen an Ateliere fir Äert Gezei ze flécken a seng Liewensdauer ze verlängeren.

Group 812.png

Ech tauschen

Entdeckt Tauschméiglechkeeten an aner Initiativen, déi Iech et erlaben, Äert Gezei ze tauschen.

Kritt de Programm vun eisen Atelieren an eis Aktualitéiten.

​

​

LikeLikeLike

Suivéiert eis!

ABONÉIEREN
bottom of page