
Editioun 2026
Den 22. Abrëll 2026 huet Lët'z Refashion am Cercle Cité fir d'Fashion Revolution Week* e ganzen Dag ronderëm d'nohalteg an zirkulär Moud organiséiert, mat enger Lunchdebatt, enger Ausstellung an enger Moudenschau als groussen Ofschloss. Dësen Dag huet bal 500 Leit zesummebruecht, 378 Participanten un den Evenementer an net manner wéi 92 Leit, déi dësen Dag méiglech gemaach hunn (Partner, Spriecher, Organisatiounsekipp, Fräiwëlleger, Kreateuren).
D'Circular Fashion Show war méi wéi just eng Moudenschau, et war eng Erfarung, déi Bierger, Kreateuren, Institutiounen, Associatiounen a Professioneller ronderëm eng gemeinsam Visioun zesummebruecht huet: méi eng nohalteg an zirkulär Textilindustrie opbauen.
*D'Fashion Revolution Week erënnert zënter 2013 all Joer un den Astuerz vun der Rana Plaza, enger Textilfabrick a Bangladesch. Dëst Joer huet Lët’z Refashion decidéiert, am Gedenken dorun, en alternative Modell fir d'Textilindustrie ze feieren, eng Industrie, déi d'Aarbechter/innen aus dem Textilsecteur respektéiert an d'Offallpräventioun an d'Weiderverwendung fërdert. Den trageschen Accident vun 2013 huet d'Realitéit vun der Fast Fashion un d'Liicht bruecht an d'Sensibiliséierung vun de Konsumente beschleunegt.


Eis Ambitioun
Mat der Circular Fashion Show bestätegt Lët’z Refashion seng Roll als Schlësselacteur fir méi eng nohalteg Textilindustrie an zirkulär Moud zu Lëtzebuerg.

Méi wéi 14 engagéiert Designer a Marken

D'Highlights vum Evenement
Ausstellung, Lunchdebatt, Concert, Coulissen, Cocktail/Catering










































