
Wat ass
e SWAP?
Et ass en Evenement, wou ee Gezei, dat een net méi undeet, géint nei Stecker austauscht.
Bei Lët'z Refashion sinn d'Swaps gratis. Eist Zil: konkret Léisunge proposéiere fir Är Garderob op eng aner Manéier ze erneieren.
Eng einfach, wirtschaftlech a lokal Method fir d'Liewensdauer vum Gezei ze verlängeren an eng méi nohalteg an zirkulär Moud ze fërderen.


De Swap gehéiert zu den Alternativen zum Neikaf.

Tauschen, léinen, flécken, gebraucht kafen. Et gëtt vill Méiglechkeete fir seng Garderob anescht ze erneieren. Dës Pyramid gëtt Iech e puer Iddie fir auszeprobéieren!


Eis
Swaps
Fir datt jidderee voll a ganz vum Evenement profitéiert, mussen e puer einfach Reegele respektéiert ginn. D'Reegele kënne jee nom Format vum Swap variéieren. Dir fannt all d'praktesch Informatiounen an eisem Swap Guide.
Proppert
Gezei
Ouni Flecken, Lächer oder Spuere vu Schweess.
A guddem Zoustand

Mat funktionelle Verschlëss, Knäpp an Accessoiren.


Prett fir gedroen
ze ginn
Propper, net deforméiert, net gedeent an a guddem allgemengen Zoustand.

Fairen
Tausch
D'Modalitéite vum Tausch gi virum Evenement definéiert.
All Kleedungsstéck, dat wärend eise SWAPS deposéiert an akzeptéiert gëtt, gëllt als en Don u Lët’z Refashion.
D'Gezei, dat no eise SWAPS iwwreg bleift, ka bei engem zukünftege SWAP benotzt ginn, zum Verkaf ugebuede ginn oder eisem Partner, dem Centre national de collecte et de tri zu Léiweng, gespent ginn. Mir privilegéieren esou d'Acteuren, déi d'lokal Weiderverwendung zu Lëtzebuerg fërderen.
Crédit photo : Gilles Kayser











